Numéro d'identification national

Nummer déi eng eendeiteg Identifikatioun vun enger Persoun erlaabt
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

En Numéro d'identification national ass eng Zuel oder eng Combinatioun vun Zifferen a Buschtawen déi vun enger Regierung benotzt gëtt fir an hirem Land op eng eenheetlech Aart a Weis all seng Bierger d.h. déi permanent Awunner grad sou wéi déi net permanent z'identifizéieren, fir datt Staatsverwaltungen oder aner autoriséiert Instituter dovu kënne Gebrauch maachen.

Jee no Länner sinn d'Applicatioune vun deem Numero verschidden, en heescht och net iwwerall d'selwecht. Zu Lëtzebuerg ass den nationalen Identitéitsnumero bei ville Verwaltungen an Instanzen dee selwechten.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Numéro d'identification national (Lëtzebuerg).

A Frankräich z. B. gëtt et den Numéro de sécurité sociale deen a veschiddenen Domäne benotzt gëtt. An der Belsch ass et den Numéro de registre national deen nieft dem Gebrauch als Identitéitsmaterial, korjéiserweis och gebraucht gëtt fir Vëloen z'immatrikuléieren.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Numéro de sécurité sociale (Franräich) an am Artikel Numéro de registre national